Ilres

Communiqué de presse




Heimat informéiere mir Iech, datt ab haut de kommerziellen Numm vun eisem Institut ännert:

TNS ILRES gëtt (erëm) ILRES

De Choix, fir ab haut nees zeréck bei eisen originalen Numm ze goen, war eng Selbstverständlechkeet fir eis all, sief et fir d'Ekipp vun der Direktioun, d’Mataarbechter oder och eis Aktionären. Unhand vun dësem Pressecommuniqué géife mir gären d’ Grënn heifir erklären. Dofir musse mir kuerz op d’Geschicht vun eiser Entreprise, eiser Mark an eisem Grupp agoen.

ILReS gouf 1978 gegrënnt, den Akronym steet fir „Institut Luxembourgeois de Recherches Sociales“. No enger Bedeelegung vun der Gesellschaft TNS Nipo, decidéiert ILReS 2005 seng Partnerschaft mat TNS ze verstäerken a gëtt TNS Ilres.

Firwat eng Ännerung vum Numm no 17 Joer an nees zeréck bei d’Originnen?

D’Mark TNS gëtt et international net méi! Si ass zugonschte vu Kantar verschwonnen, deen elo ënner enger eenzeger Denominatioun méi Gesellschafte regruppéiert, déi virdru beim Grupp affiliéiert waren.

Kantar ass Weltleader wat d‘ Donnéeën, d‘Etüden an déi dorops opbauend Berodung ugeet. De Grupp ass an 90 Länner vertrueden an zielt iwwer 25.000 Mataarbechter. Eisen Actionnariat bleift onchangéiert: Falls néideg profitéiere mir weider vun der Ënnerstëtzung vum Grupp Kantar.

Mee eis DNA bleift déif verankert an eise Lëtzebuerger Wuerzelen, eiser Eenzegaartegkeet betreffend der lokaler Expertis vun de lëtzebuergeschen a grenziwwerschreidende Marchéen, eise Léisungen, ugepasst un hir spezifesch Besoinen, eise Mataarbechter, déi hei um Territoire present sinn, an eisem Reseau vu lokale Partner. Esou beroden a begleede mir eis Cliente bei hiren alldeeglechen Erausfuerderungen an hëllefen hinnen, d’Zukunft vun hirer Entreprise oder Organisatioun ze bauen.

Mir wëllen dës Zougehéieregkeet zu dem lëtzebuergeschen Ekosystem an der Groussregioun weider an eisem Numm ervirhiewen. Eisen neie Logo ILRES, bei deem den L fir Lëtzebuergesch steet, setzt sech esou kloer vun deenen anere Buschtawen of.

Grad elo mobiliséiere mir eis weider fir d’Missioun vun der Entreprise z’assuréieren an den Erwaardunge vun eise Clienten gerecht ze ginn, an esou stinn d’Ekipp vun der Direktioun, wéi och all eis Mataarbechter, Iech Fro an Äntwert.

ILRES




Nous souhaitons vous annoncer à compter de ce jour le changement de nom commercial de notre institut :

TNS ILRES (re)devient ILRES

Le choix de revenir à notre nom originel à compter de ce jour s’est imposé comme une évidence pour nous tous, que ce soit l’équipe de direction, l’ensemble des collaborateurs ou encore nos actionnaires. Nous souhaitons au travers de ce communiqué de presse en exposer les raisons. Retraçons brièvement l’histoire de notre entreprise, de notre marque et de notre groupe.

ILReS a été fondée en 1978, son nom est un acronyme signifiant Institut Luxembourgeois de Recherches Sociales. Faisant suite à une prise de participation de la société TNS Nipo, ILReS décide en 2005 de renforcer son partenariat avec TNS en devenant TNS Ilres.

Pourquoi ce changement de nom après 17 ans et ce retour aux origines ?

La marque TNS n’existe plus à l’International ! Elle a disparu au profit de Kantar qui regroupe dorénavant sous une même dénomination un ensemble de sociétés qui lui étaient affiliées préalablement.

Kantar est le leader mondial de la data, des études et du conseil. Le groupe est présent dans 90 pays et compte plus de 25 000 collaborateurs. Notre actionnariat est inchangé, nous bénéficions toujours du support du groupe Kantar lorsque nécessaire.

Toutefois, notre ADN reste profondément ancré dans nos racines luxembourgeoises, notre unicité dans l’expertise locale des marchés luxembourgeois et transfrontaliers, nos solutions adaptées à leurs besoins spécifiques, nos collaborateurs présents sur le territoire et notre réseau de partenaires locaux. Fort de cela, nous conseillons et accompagnons nos clients dans leurs défis quotidiens et les aider à bâtir l’avenir de leur entreprise ou organisation.

Dès lors, c’est cette appartenance à notre écosystème luxembourgeois et grande région que nous souhaitons continuer de mettre en lumière dans notre nom. En cohérence, notre nouveau logo ILRES dont le L signifiant Luxembourgeois se distingue des autres lettres.

Plus que jamais, nous continuons à nous mobiliser pour assurer la mission de l’entreprise et répondre aux attentes de nos clients, l’équipe de direction ainsi que tous nos collaborateurs restent à leur disposition à cet effet.

ILRES




Management Team - Contacts

Thomas Crépon
Managing Director – Private & International
Tommy Klein
Managing Director – Public
Ingrid Fleischer
Managing Director – Finance & HR
+352 49 92 9 5101
thomas.crepon@ilres.com
+352 49 92 9 5053
tommy.klein@ilres.com
+352 49 92 9 5041 ingrid.fleischer@ilres.com



Iwwer ILRES

Leader an der Maart- a Meenungsfuerschung zu Lëtzebuerg, beréit a begleet ILRES seng Cliente mat sengen operationellen Analysen a Recommandatiounen.

D’Entreprise kombinéiert eng lokal Expertis vun de lëtzebuergeschen a grenziwwerschreidende Marchéen, Methodologie a Spëtzentechnologie, inspirativ Mataarbechter a Reseau vu Partner, fir eise Clienten déi néideg Mëttelen ze ginn, hir alldeeglech Erausfuerderungen unzepaken an d’Zukunft vun hirer Entreprise / Organisatioun ze bauen.

Méi Informatioune fannt Dir op www.ilres.com

À propos de ILRES

Leader des études de marché et sondages d’opinion au Luxembourg, ILRES conseille et accompagne ses clients grâce à ses analyses et recommandations opérationnelles.

L’entreprise combine expertise locale des marchés luxembourgeois et transfrontaliers, méthodologie et technologies de pointe, collaborateurs inspirants et réseau de partenaires, pour donner à nos clients les moyens de faire face à leurs défis quotidiens et bâtir l’avenir de leur entreprise / organisation.

Pour plus d'informations sur ILRES, consultez www.ilres.com

 

Thomas Crepon
Managing Director
Tommy Klein
Managing Director – Public
Ingrid Fleischer
Managing Director – Finance & HR